Wien ?

Wien sinn d’Albatrossen ?

D’Albatrossen sinn Erwuessener iwwert 23 Joer, déi awer weider bei den LGS aktiv matmaachen wellen. Sie sinn dofir och Member vum lokalen Grupp a vum Verband an ennerscheeden sech sou vun enger Gilde, Amis du scoutisme, asbl o.ä.. Am Grupp bilden d’Albatrossen eng Hickecht.

Bei den Albatrossen kann jidfereen matmaachen, deen aktiv als Scout well sinn, egal ob en parallel nach Chef an enger Branche ass oder net. D’Albatrossen sinn keng Konkurrenz zu den Chef am Grupp, am Géigendeel erlaaben se et den Chef och mol einfach nemmen als Participant kennen bei Scoutsaktivitéiten matzemaachen.

D’Albatrossen sinn keng Branche am Verband an hunn dofir och keng Method. Et gett awer eng « Fiche technique », déi als rouden Fuedem dingen kann. Bei Froen : albatrossen@lgs.lu